Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 66.191 Artikelen an 159 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … Ausléiser vum Streik op der Déifferdenger Schmelz 1912 d'Aféierung vun enger obligatorescher Kotisatioun an d'Renten- an Invalidekeess war, déi vum Loun ofgehale gouf?
- … ee Panneau vum Genter Altor, deen 1934 gestuel gouf a bis haut net nees opgedaucht ass, an engem Roman vum Albert Camus eng net onwichteg Roll spillt?
- … den Tuerm um Napoleonsgaart, Belvédère genannt, 1928 vum Kadaster fir Triangulatiounsberechnungen opgeriicht gouf?
- … den Héichpunkt vun de Louhecken zu Lëtzebuerg an der Mëtt vum 19. Joerhonnert louch, wéi wéinst der grousser Nofro no Eecheschuelen fir d'Gierwereien vill Bichebëscher duerch Louhecken ersat goufen?
Artikel vun der Woch
Den Europäeschen Hues (Lepus europaeus) ass e Mamendéier aus der Famill vun den Huesen (Leporidae).
E kënnt a groussen Deeler vu Europa vir, bis eriwwer an de Südweste vu Sibirien an den Nordweste vun der Mongolei, a lieft an oppenen an hallefoppenene Landschaften. An Europa ass d'Zuel vun den Huesen zanter den 1960er Joren, ë.a. wéinst ëmmer méi intensiver Landwirtschaft, deelweis staark réckleefeg.
Europäesch Huese gi vu Kapp bis Hënner ronn 40 bis 60 cm laang, a bis zu 2,5–6,4 kg schwéier. De Pelz ass um Réck variabel gielzeg-gro, ockerbrong oder brongrout mat giele Schattéierungen an hei an do dënne schwaarze Putschen. Laanscht d'Säit ass en éischter raschtgiel oder roudelzeg brong. De Kapp, den Hals, d'Broscht an d'Bee sinn hellbrong, de Bauch ass crèmewäiss. D'Ouere si groelzeg an hunn op der Spëtzt e schwaarze Fleck.
Den Europäeschen Hues ass virun allem nuets an an der Schummerecht aktiv. Baussent der Verkoppelungszäit sinn d'Déieren Eenzelgänger a verbréngen den Dag geduckt an hirem Leeër, enger Kaul am Buedem, wou se net wibbelen a bei Gefor eréischt am leschte Moment fortlafen. Da kënne s'op enger kuerzer Distanz bis zu 70 km an der Stonn lafen a bis zu 2 m héich sprangen... > méi
Op engem 8. Dezember
- 65 v. Chr.: De réimeschen Dichter Horaz kënnt op d'Welt.
- 1861: De franséische Sculpteur a Moler Aristide Maillol gëtt gebuer.

Camille Claudel - 1861: Gebuert vum franséische Filmpionéier Georges Méliès.
- 1864: Déi franséisch Sculptrice Camille Claudel kënnt op d'Welt.
- 1865: De finnesche Komponist Jean Sibelius gëtt gebuer.
- 1869: Déi bis ewell déifst Temperatur an der Geschicht vun der Meteorologie zu Lëtzebuerg gëtt gemooss: -18 °C.
- 1923: Gebuert vum lëtzebuergesche Komponist a Museker Jempi Kemmer.
- 1932: De lëtzebuergesche Cyclist an Tour-de-France-Gewënner Charly Gaul gëtt gebuer.
Kierzlech Verstuerwen

- 6. Dezember: Martin Parr, brittesche Fotograf.
- 5. Dezember: Frank Gehry, US-amerikanesch-kanadeschen Architekt.
- 3. Dezember: Steve Cropper, US-amerikanesche Komponist a Museker.
- 29. November: Tom Stoppard, tschechesch-britteschen Theater- an Dréibuchauteur.
- 28. November: Ingrid van Bergen, däitsch Schauspillerin.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
